afuc?
Wee si mir?
Mir sinn ee Grupp vun Universitairen an der A1-Carrière am Gemengesecteur a bei de Syndikater bzw. Établissements publics vun de Gemengen, déi sech primär fir d’Interessie vun dëse Fonctionnairen, Salariéen, Employéen oder Pensionären asetzt.
Wat sinn eis Ojektiver?
D’Objektiver vun der afuc – amicale sinn:
Networking an engem conviviale Kader
Onofhängeg vum Groupement d’intérêt – afuc a senge gewerkschaftlech Zieler / Objektiver
Soumat och onofhängeg vun enger FGFC
D’Objektiver vum Groupement d’intérêt – afuc:
Verdeedegung an d'Promotioun vun den Interessie vun den Universitairen an der A1- Carrière “Carrière supérieure administrative a scientifique” am Gemengesecteur a bei de Syndikater bzw. Établissements publics vun de Gemengen.
Weiderentwécklung vun der professioneller Solidaritéit.
Syndikalistesch aktiv an Zesummenaarbecht mat der FGFC
Fir wee si mir do?
All Universitairen an der A1- Carrière “Carrière supérieure administrative a scientifique” am Gemengesecteur a bei de Syndikater bzw. Établissements publics vun de Gemenge mat engem Master oder Uni-Diplom (Bac +5) ka bei eis Member ginn, onofhängeg op Fonctionnaire, Salarié, Employé oder Pensionär.
Historique?
D'afuc gouf den 1. Dezember 1979 als politesch onofhängeg A.s.b.l. gegrënnt.
D'Ofkierzung afuc steet fir "Association des Fonctionnaires et Employés Universitaires des Communes et Syndicats de Communes"
Den 1. Juli 1990 koum d'afuc –amicale dobäi, déi Hieren Ursprung an der AFUC – SPCGU “Section Propagation de connaissances en matière de gestion urbaine” fënnt, an déi onofhängeg vun de syndikalisteschen Aktivitéite vun der afuc agéiert.
Am Kader vum Reformprozess vun der FGFC, gouf an der Assemblé générale extraordinaire vum 21. Abrëll 2026 d’Opléisung vun der afuc A.s.b.l. an d’Mutatioun vun der afuc als “Groupement d’intérêt – afuc” innerhalb vun der FGFC gestëmmt. D’Opléisung vun der afuc A.s.b.l. gouf am August 2026 vollzunn. Dëse Schratt war néideg, fir weiderhin d’Interessie vun eiser Carrière ze verdeedegen. D’afuc – amicale ass heivun net betraff.