afuc?
Wee si mir?
D'afuc gouf den 1. Dezember 1979 als politesch onofhängeg A.s.b.l. gegrënnt.
D'Ofkierzung afuc steet fir "Association des Fonctionnaires et Employés Universitaires des Communes et Syndicats de Communes"
Den 1. Juli 1990 koum d'afuc-amicale dobäi, déi Hieren Ursprung an der AFUC-SPCGU “Section Propagation de connaissances en matière de gestion urbaine” fënnt, an déi onofhängeg vun de syndikalisteschen Aktivitéite vun der afuc agéiert.
Wat maache mir?
D'afuc huet sech als Ziel gesat:
- Verdeedegung an d'Promotioun vun den Interessie vun den Universitairen an der A1- Carrière “Carrière supérieure administrative an scientifique” am Gemengesecteur a bei de Syndikater bzw. Établissements publics vun de Gemengen.
- Weiderentwécklung vun der professioneller Solidaritéit.
Fir wee si mir do?
All Universitairen an der A1- Carrière “Carrière supérieure administrative an scientifique” am Gemengesecteur a bei de Syndikater bzw. Établissements publics vun de Gemenge mat engem Master oder Uni-Diplom (Bac +5) ka bei eis Member ginn, onofhängeg op Fonctionnaire, Salarié, Employé oder Pensionaire.